
As an Amazon Associate and affiliate partner, Menrva Books earns from qualifying purchases. Learn more
2009 ass dem Roland Meyer säi lescht Kannerbuch "Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen" erauskomm. Dono koume just nach Bicher fir Erwuessener an et huet een sech schonns d'Fro gestallt, ob et de Kannerbuchauteur Meyer net méi géif.00Elo huet hie mat "Tel Mo" nees e "Kannerbuch fir erwuesse Leit" erausbruecht, grad esou wéi "Den décken dommen Dudu" vun 2004 a "Mango Panda" vun 2007. Mee wat genee mengt den Auteur domat? An engem Interview mat der Buchbloggerin Jessica Mersch seet hien: "Well nëmmen erwuesse Leit dës Texter verstoe kënnen, nennen ech se Kannerbicher fir erwuesse Leit. Dobei huet 'erwuessen' näischt mam Alter ze dinn. Vill Leit si scho mat zing Joer erwuessen, anerer sinn et och mat fofzeg nach net. Esou Bicher setzen eng gewëss Ofgekläertheet, Geloossenheet an Distanz beim Lieser viraus, déi esougenannte 'groussjäreg' Leit nach laang net ëmmer hunn, dacks iewer Kanner a Jugendlecher."
Page Count:
167
Publication Date:
2017-01-01
Publisher:
Op der Lay
ISBN-10:
287967221X
ISBN-13:
9782879672212
No comments yet. Be the first to share your thoughts!